10 Joer Erfahrungen mam Jugendhaus Schëffleng
Wichteg Etappen an dem beweegtenen Liewen
Aktivitéiten wéi : Bowling, Kino, Karting, Kloteren, Kachaktivitéiten, …..sin hei net eenzel opgezielt sin eis awer genau esou wichteg wéi all aaneren Projet am Jugendhaus.
2005
- Glaich no der Ouverture vum JH den 15 Januar 2005 get en Bar am Jugendhaus geplangt an an eegener Regie gebaut an dourno och gefouert
- Eng motivéiert jonk Fussballsequipe mecht beim Inter-MJ Cup mat an kritt den Fair-play Trophee
- Am Mee fueren mir op den Rock am Ring
- Am November get d’Laetitia als CAT am Jugendhaus angestallt, mir fueren mat engem Grupp an den Vercors (1.Alpin Adventure)
- Zesummen mat verschiddenen engagéierten Jugendlecher an Memberen vum Verwaltungsrot hun mir bei verschiddenen Manifestatiounen matgemach : Télévie, Schëfflenger Fest, Kreschtmuart, Porte Ouverte Nationale MJ……
2006
- Et get eng 2. pädagogesch Kraft an der Persoun vum Carole Kaufmann am Jugenhaus angestallt
- Am Januar huelen mir un der co-pilote Formatioun vum SNJ deel
- Eng nei CAT kennt an d’Plaatz vum Laetitia an verstärkt d’Equipe vum JH
- Eichten EU-Projet ass eng Initiative – jeunes : den Bau vun enger Boulderwand um Speicher vum JH (März bis Oktober)
- Am Februar fend en eichten Snowboard-Projet statt
- Vun Abrell bis Juni huelen mir um Projet Konscht am Besch deel
- Am Mee fueren mir fir déi 2. Kéier op den Rock am Ring
- Ab Juni bereeden mir déi 2. Editioun vum Alpin Adventure fir déi am Juli an den Hautes Alpes stattfend viir.
- Am September organiséieren mir zesummen mat MSF, den Staatlechen Kannerheemer, Pangea asbl, Jugendkommissioun, Elterenvereenegung, en Präventiounsrally zum Thema Drogenmessbrauch zu Schëffleng
- Am Hierscht fänken mir mam Projet Vandalismus an Zesummenarbecht mat der Antenne vun Rodange un
- Zesummen mat verschiddenen engagéierten Jugendlecher an Memberen vum Verwaltungsrot hun mir bei verschiddenen Manifestatiounen matgemach : Télévie, schëfflenger Fest, Kreschtmuart, porte ouverte national MJ……
2007
- Am Januar huelen mir un der co-pilote Formatioun vum SNJ deel
- Ausgangs Januar get d’Jugendhaus vun enger Hord alkoholiséierten Erwussener iwerfall
- Am Februar get en Meedechers Ski Projet (Carole) paralell zu engem Snowboardprojet durchgefouert
- Ab März gin d’Vakanzaktivitéiten fir d’Gemeng organinséiert
- Am Juni hellefen mir mat den 1. Jugendforum zu Schëffleng ze organiséieren (2/3 vun den Teilnehmer sin och Memberen am Jugendhaus)
- Am Juli fend den 3. Alpin Adventure Projet an den Alpes de Hautes Provence statt.
- Am September organiséieren mir zesummen mat dem SCAS, Riicht Eraus, der Police Grand-Ducale, Pangea asbl, dem Kayler Jugendhaus, dem Roeser Jugendhaus en Präventiounsrally zum Thema Gewalt zu Schëffleng
- Den Projet Vandalismus beschäftegt eis daat ganzt Joer : nirwend dem Film get eng Affichen- Campagne gestarrt, et get eng CD an der Rockhaal enregistréiert……
- Am Oktober 2007 verléisst eis d’Carole Kaufmann
- Décisioun get geholl fir eis 2 pädagogesch Posten op 3 Leit opzedeelen (2 x 30 ; 1 x 20)
- Zesummen mat verschiddenen engagéierten Jugendlecher an Memberen vum Verwaltungsrot hun mir bei verschiddenen Manifestatiounen matgemach : Télévie, Schëfflenger Fest, Kreschtmuart, Porte Ouverte Nationale MJ……
2008
- 2 nei Arbechtskräften gin engagéiert : den Dan mat 30 Stonnen d’Laetitia mat 20 Stonnen
- Am Januar huelen mir un der co-pilote Formatioun vum SNJ deel
- Am März get den Projet Vandalismus vum Prenz Guillaume am Kader vum « Mérite Jeunesse » ausgezeechend
- Mir fänken un un engem EU Projet am Montenegro ze schaffen
- Et gin eng Partie Mossnahmen getraff an duerchgesaat fir dass d’Jugendlecher sech manner virun der Diir vum Jugendhaus ophaalen.
- Am Juni fend déi 1. Traversée du Luxembourg mam Mountainbike statt.
- Am Fréijoer preparéieren mir zesummen mat der Gemeng déi 2. Vakanzaktivitéiten fir déi Jonk vun 12 – 18 Joer
- Am Juli fend en 1. Rockclimbing Projet an Frankreich an Spunien statt
- Den September fängt den Dan mat dem Multisport – Projet an dem Turnsall vun der Primärschoul un.
- Am November kennt d’geriichtlech Urteell waat déi Erwuessen déi um Iwerfall vum 27/01/07 bedeelegt waren, verurtellt.
- Et sin 3 Stagiairen am Jugendhaus betreit gin
- Zesummen mat verschiddenen engagéierten Jugendlecher an Memberen vum Verwaltungsrot hun mir bei verschiddenen Manifestatiounen matgemach : Télévie, Schëfflenger Fest, Kreschtmuart, Porte Ouverte Nationale MJ……
2009
- Mir machen eng “faisability visit” am Montengro fir zesummen mat engem Partner vun Bar en Projet am Montenegro durechzeféieren
- Am Januar huelen mir un der co-pilote Formatioun vum SNJ deel
- Sait Ufang deses Joers mecht en Jugendlechen vun Schëffleng en « travail philantropique « am Jugendhaus (ordonnéiert vum Parquet)
- Ab März/Abrell fueren mir regelmässeg mat dem Montainbike fir eng Alpenüberquerung virzebereeden
- Am Fréijoer fend en Diskussiounowend mam Planing Familial statt
- Am Fréijoer preparéieren mir zesummen mat der Gemeng déi 2. Vakanzaktivitéiten fir déi Jonk vun 12 – 18 Joer.
- Nom Accord vun der Unité « jeunesse en action » fueren mir am Juni zereck an den Montenegro fir den Projet konkret virzebereeden
- Am Juli sin mir an der Géigend vun St. Moritz fir mam Montainbike d’Bierger kennenzeléieren – fir eng traversée huet eis physesch Fitness net ausgereecht.
- Ufang September fend den Montenegro – Projet statt
- Am September fend en Diskussiounsowend zum Thema “Integratioun vun net EU-Staatler an eis Gesellschaft” am Jugendhaus statt
- Am Oktober fend fir déi eichten Kéier en Projet vum Jugendhaus eng offiziell Unerkennung bei der Gemeng an get do bei der Soirée des Lauréats geéiert fir den Projet Vandalismus
2010
- No dem ereegnisraichen Joer 2009, as den Montenegro-Projet ofgeschlossgin an dems mir en Austausch teschend Gemengeverantwortlechen an der montenegrinescher Diaspora organiséiert hun
- Am Februar hun mer eis eng 1. Kéier op „Facebook“ präsentéiert
- Aus secherheetstechneschen Grenn huet eis Kloterwand missen an engem aaneren Raum opgebaut gin, dest war eng Zaitopwänneg Aktioun un der vill Jugendlecher bedeelegt waren
- Projet ASTM, Go(al) for Africa Fussballtournéier zu Kayl :Dofir as eng Maquette gebaut gin mat Legosteng, déi selwecht as och bei der Jugendkonschtwoch ausgestallt gin
- D’Jugendhaus huet sech un der Aktioun „Drecksstopper“ aktiv bedeelegt an d’Alentouren vum Haus an d’Rei bruecht, eng eegen Dreckskescht as vun den Jugendlechen installéiert gin
- Weider Jonker absolvéieren hier Sozialstonnen am Jugendhaus
- Fir d’Gemeng setzen mir an der Nelly Stein Schoul déi bestehend Kloterwand fir Schoulkanner an Form, dobei konnten mer opt d’Erfahrung vun den eenzelnen Jonken déi sie bei eisen Projet’en machen konnen zereckgréifen.
- Start vun engem Sef-defense Projet am Jugendhaus: trotz groussem Interessen bei der Präsentatioun vum Projet konnt desen Projet wéinst fehlenden Teilnehmer net duerchgefouert gin.
- Nirwend den Vakanaktivitéiten mat sengen verschiddenen Aktivitéiten vun Karting iwert slackline, breakdance, fitness, hun konnten mir en Kloterprojet duerchféieren den an den 3. Disziplinnen stattfond huet: Boulderen zu Fontainebleau, Sportkloteren an der Provence, Alpinismus an den südlechen Alpen
- Veröffentlichung der Brochüre zum 5. Geburtstag
2011
- Beim Projet „INVATANA“ war Thema nohalteg Entwecklung, d’Jugendhaus huet do eng archaesch Plaatz gestallt mat dem Uléen vun engem Labyrinth an dem Bau vun enger Lehmhütt
- Konstruktioun vun engem Abri fir d‘Beschcrésche
- Aufgabenhellef, sporedech get am Jugendhaus Aufgabenhellef ugebueden
- Den Accueilsraum as zesummen mam Dominique nei gestallt gin
- Am Kader vun der Porte ouverte ass eng „foire aus associations“ organiséiert gin : planning familial, responsabel young driwers, familijenberodung, la cigale….
- D’Jugendhaus as mat der Betreiung vun enger Kloterwand een vun den Haaptakteuren bei der Nuit du Sport.
- Mat enger Equipe vun 4 Jonker: Sven, Rizo, Mauranne, Dominique partizipéiert d’Jugendhaus um ING Maraton
- Den Rockclimbing 3 Projet fend an der Provence statt : Ombléze, Toulon, Chateauvert, Briancon
- Och dest Joer goufen d’Vakanzaktivitéiten vum JH organiséiert an duerchgefouert.
- En neien Danzgrupp ennert der Leedung vum Enes übt regelmässeg am Jugendhaus
- Ab Oktober fannen 1. Hellefscouren statt un deenen sech och J.A. an Jugendlech aus dem Jugendhaus bedeelegen
2012
- Projet snow zu Guillestre:
- Rockclimbing 4 Projet, fend an den Pyrenäen statt an zu Margalef
- Traversée du Luxembourg mam Mountainbike
- Fir 5. Kéier huet d’Jugendhaus d’Vakanzaktivitéiten am Optrag vu n der Gemeng organiniséiert
- D’Jugendhaus bedeelegt sech un der Organisatioun an Duerchféierung vum 2. Jugendforum zu Scheffleng
- Den Projet „Outdoor Gym Projekt“ get an d’Liewen geruf, as awer leider bis Enn 2015 nach net an d’Wierklechkeet emgesaat gin
- D’Jugendhaus hellt en jonken Mensch an den „service volontaire d’orientation“ op
- Partizipation un der Konferenz Jugendlecher am öffentlechen Raum, heibei gouf en workshop mat Jugendlechen zesummen organiséiert, en klengen Video ass do zesummen mam Enesa gemach gin
- Den Jacques huet aktiv am Arbechtsgrupp „gesond Iessen“ matgeschafft an och en Artikel an dem Handbuch geschriwen
2013
D’Jugend déi sech beweegt
- Am Schäffenrot as en Antrag fir en 3. Posten am Jugendhaus ugeholl gin an wieder un den Familienministär geriicht gin. Schwéierpunktthema vun der Ufro sin den Projet Zukunftsdiplom an den Projet „Boys at work“
- All Freides fend nierwend dem Sport an der „Nelly Stein Schoul“ en Kachatelier statt
- Projet Snow 4
- Kachaktivitéit zesummen mam Club senior Scheffleng
- Projekt Trekking am Norden vum Land
- Kanu op der Semois
- Bouldern zu Fontainebleau
- Vakanzaktivitéiten am Optrag vun der Gemeng Scheffleng
- Alpines Klettern im Queyras
- Bedeelegung um Handbuch „Offene Jugendarbeit in Luxemburg“ mat 2 Artikelen
- Erlebnispädagogik in der offenen Jugendarbeit – Jacques Welter
- Konflikte : vom belastenden Erlebnis zur Bildungschance – Claude Bodeving zesummen mam Jacques
2014
- Jugendlecher hun zesummen mam Janine an Filipe un enger Kachaktivtéit am Club Senior deelgeholl an domat en Beitrag fir enKachbuch geleecht
- Dèi nei ugeluechten Homepage as vum Serge designed gin an get och vun him verwalt, déi Homepage huet zur internen an externen Informatiounsfloss –verbesserung beigedroen.
- Den 3, Posten as accordéiert gin, d’Equipe konnt erweitert gin
- Am Museksraum as eng Opnahmkabine gebaut gin
- Rockclimbing 5 Projet huet an Spunien stattfond
- Fir d’eicht sin d’Vakanzaktivitéiten mat der neier Jugendbeoptragten zesummen organiséiert gin