Schëfflenger Jugendhaus
10, avenue de la libération (B.P. 62)
L-3850 Schifflange
Telefon am Jugendhaus: +352 26 53 08 50
Email: info@schefflenger-jugendhaus.lu
Moien, mäin Numm ass Janine Smith. Ech wunnen an engem klengen Duerf an Däitschland, direkt un der Grenz zou Lëtzebuerg.
2005 hunn ech meng Première op enger Commerce Schoul gemaach. Dono hunn ech 4 Joer op "der Universität des Saarlandes", Musek, Konscht an Däitsch studéiert.
2009 hunn ech da meng Ausbildung fir Educatrice op der "St. Helena Schoul" ze Treier ugefaangen an 2012 mäin Ofschloss gemaach.
Zënter 2012 schaffen ech am Schëfflenger Jugendhaus wat mech wierklech freet, well mir hei niewent dem Accueil och vill verschidden Projet'en mat de Jonken duerchfeieren, haaptsächlech an der Natur. Dat ass och eent vu mengen Hobbyen, vill an der Natur ënnerwee sinn, op ze Fouss oder mam Vëlo. Ech beschäftege mech ganz gär mat Planzen a Kraider.
Doniewent ziele liesen, kënschtleresch Tätegkeeten awer virunallem d ' Musek zou mengen Hobbyen. Ech spillen vill verschidden Instrumenter a sangen ganz gären.
Zënter Dezember 2012 sinn ech Coordinatrice vum Jugendhaus, wat vill nei Aufgaben an Erausfuerderunge mat sech bréngt. Ech si frou mat engem esou gudden Team zesummen ze schaffen a soen dem Conseil a menge Mataarbechter Merci fir dëst nei Roll.
E vum mengen "Lieblingsprojeten" am Jugendhaus ass den Zukunftsdiplom (ZD). Dëse Projet erméiglecht deene Jonken, wärend zum Beispill kreativen oder erliefnesspädagogesche Weekender verbuerge Ressourcen ze entdecken, hir Lieweskompetenze weider ze entwéckelen a vill wäertvoll Erfarungen ze sammelen. D'Weiderentwécklung vun der Perséinlechkeet vum Jonke steet am Fokus an doduerch gëtt säin eege Profil opgewäert, wat bei der Sich no Aarbecht oder enger Unisplaz vu Virdeel ass.
Ech schaffen säit 2014 am Jugendhaus. Zäitgläich hunn ech mäin Bachelor fir den Accompagnement specialisée gemaach. Studéieren a niewebäi ze schaffen war eng wichteg beräicheren fir meng Aarbecht. Schonn wärend dem Studium wousst ech dat ech weiderhin wéilt mat Jonken schaffen an och hei zu Schëffleng am Jugendhaus bleiwen. Di Arbecht di d'Jugendhaus mécht huet och mäin Liewen beräichert a gepragt, ech hunn geleiert ze entschleunegen an Natur ze genéissen. Och klammen huet d'Jugendhaus mir méi no bruecht a virum allem klammen am Fiels gefällt mir richteg gutt. Doniewent machen ech privat gären Yoga an well mech och forméieren fir dat mat de Jonken kenne gemeinsam ze machen well ech gemierkt hunn wie gutt dat engem am Alldag deet. Am Kontakt mat de Jonken probéieren ech hinnen mat vill Toleranz a verständnis ze begéinen. D'Jugendhaus soll fir si eng Platz sinn wou se sech wuel villen an sech austauschen können ouni Angscht ze hun jugeiert ze ginn.
Ech hunn zu Bréissel op der Heischscheoul „HE2B Defré“ studéiert. Wou ech o d'Geleeënheet hat National an Interkontinental Stagen ze absolvéieren.
Virun dësen Studien hat ech hei zu Lëtzebuerg een Diplome de Technicien en division administrative et commerciale erfollegräich ofgeschloss. Un deen ech nach 2 Joer drun gehaangen hunn, wou ech Gestioun an Economie op der Uni Lëtzebuerg studéiert hunn.
No deenen 2 Joer hunn ech komplett d'Richtung gewiesselt an sinn Fräiwëlleg 3 Joer op den Bau schaffen gaangen, éiert ech zum Entschloss komm sinn meng Studien am Sozialen Beräich unzefänken.
Natur an Sport hunn mech ëmmer duerch mäin Liewen begleet. Ech fueren vill Vëlo an bedreiwen awer o gären aner Sportaarten an dat am leiwsten an der Natur. Ech sinn o eng laang Zäit geridden, wat mir vill Wäertschätzung beibruet huet.
Nohaltegkeet an Agrikultur sinn en weideren Interesse Punkt, nodeem ech mäin Liewen am Kader des méiglechen riichten. Hei geet et menger Meenung drems, der Natur, dem Planéit eppes erëm ze ginn, fir dat wat mir vun him huelen.
Moien Alleguer ! Mäin Numm ass Filipe Rodrigues an ech sinn 29joer aal. Am Joer 2013 hunn ech a Service National Volontaire hei am Jugendhaus gemaach wou fir mech perséinlech e grouss Afloss an meng Perséinlechkeet wa. Zäit Juni 2018 sinn ech hei als Educateur agestallt ginn an ech sinn ganz begeeschter hei kennen mat iech meng Erfahrung als jonken volontaire an elo Educateur mat ze deelen. Wie jiddereen weess wou mech kennt, ech sinn a grouss Vëlosfan an Natur passionéiert.
Paula Alexandra Vieira De Sousa
Moien, mäin Numm ass Paula Alexandra Vieira de Sousa. Momentan sinn ech a mengem drëtte Studentejoer fir Spezialpädagogin ze ginn.
Ech hunn viru méi wéi engem Joer als Stagiaire am Schëfflenger Jugendhaus ugefaange an sinn haut zoustänneg fir de Projet "Outreach Youth Work". Ech kann nach net gleewen dass ech des aussergewéinlech Rees, vun mengem Beruffsliewen, erliewen dierf. Selbstverständlech wier dat alles ni méiglech gewiescht ouni d'Hëllef an déi ëmmer enorm Ënnerstëtzung vum ganze Léierpersonal. E grousse Merci un d‘Léierpersonal fir den an d’Vertrauen dat Glawen si an mech an meng Fäegkeeten gestach hunn. De Projet „Outreach Youth Work“ läit mir besonnesch um Häerz, well dëse Projet mech op professioneller Basis ganz vill beräichert. Ech kann souwuel op engem Büro schaffen wei och um Terrain sinn, fir inaktiv Jonker tëscht 16 a 26 Joer an hirem Liewen z‘ënnerstëtzen. Ech encouragéieren Jonk fir eng Formatioun, eng Léier, en Benevolat, sech an d‘Schoul anzeschreiwen oder berufflech aktiv ze ginn.Déi Ech sinn iwwerzeegt datt jidderee Ressourcen besetzt fir sech z‘entwecklen, heiansdo dauert et seng Zäit. D‘ Zäit ass en Instrument dat benotzt muss ginn am Kontext vun der Gedold, der Observatioun an der Analyse... .
Seid dem 1ten Januar 2021 net mei als Erzeiher am Jugendhaus mee ennerstetzt d'Equipe weiderhin als Member vum CA:
No 20 Joer an der Heemerzéihung sin ech 2004 vum schëfflenger Jugendhaus engagéiert gin, fir mat un der Konzeptgestaltung wéi och un hirer Emsetzung mech ze bedeelegen. Wéi dun 2006 weider Personal angestallt gin ass an opgrond vun menger Erfahrung ass mir d’Aufgab vun der Koordinatioun vun den Arbechten am Jugendhaus zougedeelt gin. Seit Ufang den 90er Joeren huet sech lues an lues déi systemesch Erliewnispädagogik zu mengem beviirzugtem Arbechtsfeld entweckelt.
No menger Ausbildung zum Erzéiher hun ech 2003 eng Ausbildung zum Erliewnispädagog bei Planoalto an der Schweiz an du 2006 eng Weiderbildung zum systemeschen Naturtherapeut erfollegraich ofgeschloss. 2008 hun ech eng Weiderbildung als Antigewalt- an Deskalatiounstrainer ugefangen. Den Haaptfokus an mengem Arbechtsfeld gesin ech seit Ufang am sozialen Sektor an der Arbecht um Mensch, ennerstetzen vun der Entwecklung vun der Reifheet.
Meng Interessengebieter sin nirwend dem Sport am allgemengen haaptsächlech Natursportarten wéi: Sportkloteren um Fiels (seit 1983, hun Ufang der 90er Joeren Wettkampfkloteren bedriwen op nationaler (4 x Landesmeeschter) an internationaler Ebene) Trekking, Kanu, Snowboard, Mountainbike, Alpinismus,... Op Verbands- an Klubebene war ech 15 Joer täteg an hun mech do enneranerem em d’Ausbildung vun den Moniteuren bekemmert. Donirwend Liesen ech gären (vum Roman bis zu Fachliteratur zu den verschiddensten Beraich.