D'Animateure vum Schëfflenger Jugendhaus
Janine
Sarah
Filipe
Paula
Joël
Arnaud
Moien, ech sin den Arnaud, hu 35 Joer a schaffen säit März 2025 am Schëfflenger Jugendhaus. No 12 Joer an enger Bëschcrèche an 11 Méint Congé sans solde, sin ech elo als Schëfflenger Borscht gespaant mat eisen Jugendlechen a jonken Erwuessen ze schaffen a se an hirer Freizeit begleeden ze dierfen. Als Wildnispädagog a stark naturverbonnene Mënsch brengen ech e grousst Intressi un Outdoor- an Naturaktivitéiten mat an hoffen, di Jonk grad esou dofir begeeschtert ze kréien a se hiert eegent Naturbewosstsin entdecken ze lossen, wat Kierper, Geescht, Séil a virun allem eisem Planéit gut deet an emmer méi wichteg get. Des Weideren freeën ech mech drop meng eegen Erfahrungen mat anzebréngen a rauszefannen, wat d’Jugendhaus fir mech nach esou mat sech bréngen wärt.